2014 krut den Alexandre Espigares zesumme mam Laurent Witz den Oscar fir de beschten Kuerzanimationsfilm "Monsieur Hublot". Elo ass säin neie Long-Métrage "Wollefszant" am Kino. Doriwwer huet hien dës Woch mam Loïc Tanson am No Art geschwat.
Aner Themen: d'Christiane Kremer schwätzt iwwer d'Theater-Co-Produktioun "Kindertransport" am Groussen Theater an de Cédric Kieffer iwwer kulturelle Wäert vu Video-Spiller.
De labbere Kulturtalk "No Art On Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad elo ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.