Virun 10 Joer ass Fondatioun EME - "Écouter pour mieux s'entendre" - an d'Liewe geruff ginn. Iwwer déi 10 Joer konnt d'Fondatioun ëmmer méi Institutiounen erreechen an ënner anerem Museksprojeten entwéckelen, sou d'Dominique Hansen, d'Direktesch vun EME.
Fir de ronne Gebuertsdag gouf e Samschdeg um "Family Day" an der Philharmonie kënschtleresch Diversitéit presentéiert. Vu Gesang- an Danzspektakelen ënner der Leedung vum Sylvia Camarda an David Galassi iwwer Museksateliere fir Kanner bis zu Concerten – d'Fondatioun EME huet de Motto "Freed schenken duerch Musek" praktesch ëmgesat.
Grouss a Kleng konnten nokucken an d'Atmosphär genéissen oder selwer bei Museksateliere matmaachen. Ma d'Fondatioun plangt schonn déi nächst Evenementer a Projeten.
Inklusioun duerch Konscht ass den Defi, deen d'EME och déi nächst 10 Joer wëll ugoen.
