Perquisitioun am MNHA confirméiertImmobiliséiert Kollektioun awer keng "schlofend Kollektioun"

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Zeitung Woxx schreift, wär virun enger Woch eng Perquisitioun am Musée gemaach ginn, déi de Parquet och confirméiert huet.
© RTL-Archiv

Dobäi soll et ëm eng Kollektioun goen, déi am Keller vum nationale Geschicht- a Konschtmusée um Fëschmaart läit an déi enger Persoun gehéiert, déi an Ausernanersetzunge mat der Justiz verwéckelt ass.

Perquisitiounen am MNHA: De Reportage vum Annick Goerens

Op Nofro hin huet eis de Parquet um Freideg de Moien och confirméiert, dass dës Perquisitioun de 14. Februar am Kader vun enger CRI, enger "Commission rogatoire internationale" aus der Belsch gemaach gouf. Dës CRI muss beim Lëtzebuerger Parquet ugefrot ginn, fir dass auslännesch Justizautoritéiten hei am Land eng Perquisitioun dierfe maachen. Fir een CRI mussen och bestëmmte Konditiounen erfëllt sinn, wei zum Beispill, dass d'Faiten, fir déi d'Persoun an der Belsch ugesicht gëtt, och hei zu Lëtzebuerg strofbar sinn.

Wéi de Parquet eis um Freideg de Moie matgedeelt huet, ass et an dësem Fall effektiv ëm eng privat Kollektioun gaangen. Déi deemno wuel enger Persoun gehéiert, déi an Ausernanersetzunge mat der belscher Justiz verwéckelt ass. Et war eng sougenannten "saisie par équivalent d’avoirs", dat heescht, dass déi Kollektioun oder Deeler dovunner, am iwwerdroene Sënn saiséiert goufen. D’Kollektioun ass am Musée bliwwen a gouf souzesoen "immobiliséiert", mä et wär séchergestallt ginn, dass si bis op Weideres net vun hirem Proprietäre ka reklaméiert ginn.

Enger Source vun der Woxx no wär dës Kollektioun an de Mëtt vun den 90er Joren am Musée tëschegelagert ginn. Dofir hat d'Zeitung no den Aktivitéitsrapporte vum Musée aus de Joren 1997 an 1998 beim Kulturministère gefrot, wou normalerweis Kollektiounen an Done kéinten drop opgelëscht sinn. De Kulturministère huet matgedeelt, dass et e Problem mam Archivage géing ginn an et misst een déi Dokumenter fir d'éischt nach fannen.

Op der ëffentlecher Online-Plattform data.public.lu, wou all d'Rapporten aus dem Kulturministère drop sinn, huet de Journalist déi richteg Dokumenter fonnt, ma se waren net komplett, et hätte Säite gefeelt.

Mir hunn bei der Kulturministesch Sam Tanson nogefrot, wat do genee lass ass.

"Zwou Saachen. Dat eent ass: de Journalist huet eng Ufro gemaach an natierlech kritt hien déi Rapporte komplett vun eis geschéckt. Dat misst elo schonn an der Maach sinn. An dat anert ass dat, wat hien um Internet fonnt huet, dat wor net komplett. Do muss ee Feeler bei der Online-Sëtzung geschitt sinn. Dat ass eis elo eréischt opgefall duerch seng Recherche-Aarbecht, dat ass och gutt, dass mir dat elo gesinn hunn. D'Rapporte sinn awer elo do. Den Direkter vum Musée huet se natierlech an der Pabeier-Versioun fonnt an déi ginn dann och weidergeleet. Ech muss awer direkt soen, an dem Rapport vun 1997 steet näischt iwwer de Prêt vun 1996 dran. Dat ass bis elo net gemaach ginn, dass Prêten opgefouert goufen. Mir wäerten dat elo iwwerschaffen, dass mer fir den nächste Rapport, fir d'Joer 2019, dass dat etabléiert gëtt, dass mer do eng Lëscht derbäi maache mat den ënnerschiddleche Prêten."

Bis ewell wär dat net gemaach ginn, well och vill Lëtzebuerger Famillje Prêten un de Musée maachen, zum Beispill eng Famill, déi dem Musée iwwer 200 Piècen zur Verfügung stellt. An dës Prêteure wéilten eben anonym bleiwen. Et géingen och ongeféier 20 auslännesch privat Collectioneure ginn, déi dem Musée Objeten zur Verfügung stellen. Dorënner déi Persoun vun där rieds ass.

D'Woxx hat sech d'Fro gestallt, ob d'Sue vun de Steierzueler gebrauch goufen, fir Konschtwierker am Musée iwwer Joerzéngten ze lageren. Dat wär awer net de Fall, betount d'Kulturministesch Sam Tanson.

"
Ech menge souvill kann ech soen, dass et sech hei wierklech net ëm Piècen handelt, déi ni am Musée gewisen goufen. Au Contraire et si wuel Piècen, déi gewise goufen an och vill vun deene Piècen, déi an de leschte Joren sou geléint goufen, sinn der, déi wierklech reegelméisseg am Musée gewise ginn."

Deemno ass dës Kollektioun, déi elo immobiliséiert gouf keng "schlofend Kollektioun", wéi d'Woxx geschriwwen hat. Ëm wéi eng Objeten et sech handelt a wat genee sech d'Persoun zu Scholde komme gelooss huet, ass deemno eng Affaire à suivre.

Back to Top
CIM LOGO