Dier fortHommage vum Banksy fir Bataclan-Affer geklaut

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg hunn zu Paräis Brigangen ee Wierk vum Banksy fir d'Affer vun der Terrorattack op de Bataclan matgoe gelooss.

Si hunn d'Dier an e Camion geluecht a si fort domatter, sou d'Police zu Paräis.

D'Wierk war réischt am Juni 2018 entdeckt ginn a war als Hommage vum Graffiti-Kënschtler fir déi 89 Doudesaffer vun der islamistescher Attack vum November 2015 gedeit ginn.

Eng Enquête gouf opgemaach.

Back to Top
CIM LOGO