
D'Fans vun den Ärzte maachen sech Suergen ëm d'Zukunft vun der Band vu Berlin, dat wéinst dem Internetsite vun der Formatioun. Hei kann een nämlech zënter kuerzem e kuerzen Ausschnëtt vun engem neie Lidd vun der Band héieren an dëst géif esou kléngen, wéi wann si hire Fans scho géifen Äddi soen.
De Witz bei der Saach ass, dass een um Site just 50 Sekonne vum Lidd ze héiere kritt, an hei héiert et sech effektiv un, wéi wann sou lues awer sécher d'Band op seng Vergaangenheet zeréckkuckt an praktesch de Fans Äddi seet.
Hei heescht et dann „Manchmal ist es einfach Zeit, zu gehen, doch wenn der Tag gekommen ist, sagt niemand dir Bescheid“ oder och nach „Wir haben hell geleuchtet, und vieles, was wir taten, hat Bestand. Man wird sich lange noch an uns erinnern, du musst jetzt stark sein, hier nimm meine Hand.“
Et gëtt souguer spekuléiert, dass no hirem Optrëtt um Rock am Ring 2019, d'Band géif annoncéieren, dass se ophale géifen. Aus dem Management gouf et nach keng Informatiounen, sou dass ee bis elo just spekuléiere kann.