Den Tëlee-Spectateuren an och den 1.200 Invitéen am Hangar vum fréiere Fluchhafen Tempelhof zu Berlin goufe bei der 54. Editioun vun der Goldene Kamera de Spigel virun Ae gehalen, dat vum Greta Thunberg.
Déi 16 Joer jonk Ëmweltaktivistin krut e Spezial-Präis fir hiert politescht Engagement. Déi jonk Schwedin hat jo de Mouvement "Fridays for Future" ausgeléist, wou mëttlerweil Jonker an iwwer 120 Länner fir de Klimaschutz op d'Strooss ginn.
Si huet dobäi awer och grad un d‘Promien appelléiert, hiren Afloss dofir ze notzen. Déi amerikanesch Actrice Jessica Chastain huet dat op dësem Owend scho gemaach, geéiert gouf si fir bescht Schauspillerin International, an hirer Ried huet si en Opruff fir méi Gläichberechtegung am Showbusiness gemaach. Den Dirk Steffens, dee fir Terra X geéiert gouf, huet d'Opmierksamkeet vun dësem Owend genee sou genotzt, dat fir op eng Petitioun hinzeweisen, dass den Aarteschutz an d'Grondgesetz soll agedroen ginn. A 25 Joer Karriär wier hie vum Wëssenschafts-Journalist zum Krisen-Berichterstatter ginn, wou hien haut vum Aartestierwen muss erzielen. Dem Gréissten zanter dem Ausstierwe vun den Dinosaurier.
Déi lëtzebuergesch-däitsch Co-Produktioun Bad Banks ass iwwerdeems ouni gëlle Kamera heemgaangen. D'Paula Beer gouf net bescht Schauspillerin, déi goung un d‘Anna Schudt (Aufbruch in die Freiheit), a bescht Serie gouf "Der Pass".
D‘Desirée Nosbusch dogéint stoung nawell op der Bühn, dat als Laudatorin fir de Präis vum beschte Schauspiller. Dee goung un den Albrecht Schuch (Der Polizist und das Mädchen, Kruso). Dat awer net fir seng Roll a Bad Banks. Hien dréit den Ament erëm fir déi 2. Staffel Bad Banks, wou en op en Neits zesummen mam Désirée Nosbusch virun der Kamera steet.