Villa LouvignyGesondheetsministère plënnert eraus, Concertssall kënnt eran

RTL Lëtzebuerg
Bis elo ass nach net gewosst, wou de Ministère de la Santé hiplënnert, ma et schéngt als sécher, dass e Concertssall fir 400 Leit soll entstoen.

Et ass richteg, datt dem fréiere RTL-Gebai vun der Villa Louvigny am Stater Park nach eng aner Zukunft an d'Haus steet, wéi e Ministère ze logéieren. Dat äntwert d'Kulturministesch Sam Tanson op eng parlamentaresch Fro vun den LSAP-Deputéierten Marc Angel a Mars Di Bartolomeo. Den Datum, wéini dass de Gesondheetsministère an d'Direction de la Santé aus der Villa Louvigny sollen eraus plënneren, steet awer nach net fest.

Den Ament si Faisabilitéitsetüden am Gaang, wat mat der Villa Louvigny ze geschéien huet a wat iwwerhaapt kann ëmgebaut ginn. D'Gebai ass als "Monument national" klasséiert.

Et gëllt als geséchert, datt an der Villa Louvigny mam Concertssall fir eng 400 Leit soll e kulturelle Projet entstoen, sou dass d'Gebai géif fir artistesch Zwecker revaloriséiert ginn. Ëmmer nees gëtt d'Maison de la Radio "Flagey" zu Bréissel hei als Beispill genannt.

D'Äntwert vun der Kulturministesch Sam Tanson op déi parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo

Back to Top
CIM LOGO