
Hie wier dout a sengem Haus zu Dunmow an der Grofschaft Essex fonnt ginn. D'Band huet op hirem Instagram-Account bekannt ginn, dass de Keith Flint sech wuel selwer d'Liewe geholl huet.
Gebuer gouf de Keith Charles Flint de 17. Dezember 1969 zu Redbridge bei London. De Flint war Ufanks als Dänzer vun der Band dobäi, huet awer fir d'Litt "Firestarter" am Original och als Hannergrondsänger agesat an ass dono ëmmer méi an de Virdergrond gerutscht.
Iwwregens ware si och déi éischt international Band, déi zu Lëtzebuerg an der Rockhal gespillt huet, dat 2005. 10 Joer méi spéit ware se dann och fir den 10 Gebuertsdag nees an der Rockhal. Och ganz Rezent, den 8. Dezember vum leschte Joer, si si um Belval opgetrueden.
Hir bekanntste Lidder sinn ënner anerem "Firestarter" a "Breathe", déi béid 1996 erauskoumen.
FOTOGALERIE: Impressioune vum "The Prodigy"-Concert an der Rockhal