
De Claude Frisoni ass zeréck op der Lëtzebuerger Bühn. Am TOL op der Diedenuewenerstrooss steet hien a senger One-Man-Show op der Bühn a befaasst sech mat den Al-68er:
"50 ans après…
Prenons nos désirs pour des réalités !
Ne nous laissons pas bouffer par des politicards et leur démagogie boueuse !
Soyons réalistes, demandons l’impossible !
Comment peut-on penser librement à l’ombre d’une chapelle ?"
Wier et net Zäit fir e Bilan, en Etat des lieux 50 Joer dono?

"Mais sois sans tweet" vum a mam Claude Frisoni an ënnert der Regie vum Fabienne Zimmer leeft nach bis den 27. Abrëll am TOL.
Vum 25. Abrëll ass dann och d'Stéck "Les héros sont fatigants" am TNL ze gesinn.
"Mais sois sans tweet" - Programm
Am Kader vun der Ausstelllung "Nuremberg, un procès fondateur" an der Abtei Neimënster ass eng Séance spéciale vum Film "Les Gardiennes" vum Xavier Beauvois.
Am Film geet et ëm d'Aarbecht an de Courage vun de Fraen, déi während dem 1. Weltkrich d'Plaz vun de Männer an de Betriber ageholl hunn fir datt d'Baurenhäff konnte weider existéieren. De Film inspiréiert sech um Buch vun 1924 vum franséischen Auteur Ernest Perochon (Prix Goncourt vun 1920).

"Les Gardiennes" gëtt den 12. Abrëll um 20h30 an der Stater Cinemathéik gewisen. De Journalist a Wëssenschaftler Franck Colotte mécht virun der Séance eng Introduktioun.
2018 ass de franséisch-lëtzebuergesche Quintett OZMA duerch Europa, Asien an Afrika getourt an huet eng 60 Concerte gespillt.
OZMA dat sinn:
Stéphane Scharlé - batterie, composition
Edouard Séro-Guillaume - basse, composition
Karsten Hochapfel - guitare, violoncelle
Jonas Muel - saxophone, claviers
Guillaume Nuss - trombone, fx
De Batteur a Komponist Stéphane Scharlé huet dobäi eng ganz Rei Fotografe begéint, déi mat hiren Aarbechten hiert Land an d'Mënschen, déi do liewen, duerstellen.
Dozou gehéiert och de Mike Zenari mat senge Biller iwwer d'Arbed Schëffleng.
E Sonndeg de Moien um 11 Auer kann een d'Musek an d'Biller an engem Photo-Concert mam Titel "Crossroads" an der Abtei Neimënster gesinn.
Den däitschen DJ a Musekproduzent Frans Zimmer gehéiert zënter 2012 zu de Staren a sengem Beräich. De jonke Berliner ass mat sengem Kënschtlernumm "Alle Farben", deen e sech als Hommage un den Hundertwasser gesicht huet, regelméisseg an den europäeschen Charts ze fannen. Hie schafft dobäi an enker Zesummenaarbecht mat anere Museker a Sänger.
E Samschdeg den 13. Abrëll ass hien am Atelier.