
Am September 2018 hate si hiert éischt Lidd "All I See" erausbruecht. Hiert neit Lidd hu si, wéi och schonns dat Éischt, selwer geschriwwen. De Video gouf gedréint a geschnidde vum Charles Simon. Produzéiert gouf d'Lidd an Zesummenaarbecht mam Tom Gatti vun Audio Oak.
Dat neit Lidd stécht eraus mat summerleche Melodien a mécht Freed op Sonn. De Video huet awer säi ganz eegene Message. Hei kënnt dir d'Lidd schonns lauschteren, ma hir nei Single wäert och an de Programm vun RTL Radio Lëtzebuerg opgeholl ginn.
Weider Informatioune fannt Dir och op hirer Facebook-Säit, hirem Instagram-Account oder och nach op hirem Youtube-Kanal.
