Seng minimalistesch Figuren huet hien, a senger Schafenszäit an den 80er Joren, iwwerall hannerlooss, a gehéiert esou haut zu engem vun de meescht kommerzialiséierste Kënschtler aus dem 20. Joerhonnert. Dem Keith Haring seng Wierker weisen awer bei wäitem méi wie just Stréchmännercher. A senger kuerzer Schafensperiod vu knapps 10 Joer huet hien zu New York seng Inspiratioun gesicht an huet dann och a senge Wierker d’Aktualitéite mat afléisse gelooss. Hie war en immens engagéierte Mënsch an huet sech géint Rassismus, Homophobie, Ëmweltverschmotzung a villes méi agesat. A genee déi Gesellschaftsproblemer huet hien och a senge Wierker ausgedréckt.
Mat sengem einfache Stréch a sengem schnelle Schaffen huet hien immens vill produzéiert. Seng Figuren huet hien ëmmer fräi aus dem Kapp gezeechent an huet och bei grousse Projeten op Fassaden keng Skizzen am viraus gemaach.
Mat deem Glawe Konscht fir jidderee kënnen ze maachen, huet hien 1980 mat senge "Subway Drawings" ugefaangen. An der New Yorker Metro huet hien iwwerdeckte Publicitéitsplakater mat sengen Zeechnunge couvréiert. Dëst war eng gutt Method, seng Konscht accessibel ze maachen. 6 Joer dono huet hien e Pop Shop opgemaach, wou e seng Motiver op T-Shirten a villen aneren Accessoirë verkaf huet. Eng Iddi, wou hie sech um Pop-Art-Kënschtler Andy Warhol inspiréiert huet an déi de Leit mam klenge Portmonni erméiglecht huet, eppes vum Keith Haring ze kafen.
D’Galerie Zidoun & Bossuyt weist mam Keith Haring hir 3 Ausstellung vun engem grousse Kënschtler hei zu Lëtzebuerg. D’Wierker, déi hei ze gesi sinn kommen all aus Privatkollektiounen aus Frankräich, der Belsch a Lëtzebuerg. Zwee Wierker stiechen hei besonnesch ervir, well et déi éischte Kéier iwwerhaapt ass, datt se an enger Ausstellung gewise ginn.
Bis de 9. Mäerz kann ee sech d’Wierker vum Pop-Art-Kënschtler an d’Galerie Zidoun & Bossuyt am Gronn ukucke goen.