Hongerléin, katastrophal Aarbechtskonditiounen, sexuell Iwwergrëff a gravéierend Sécherheetslücke prägen den Alldag vu villen Aarbechter an Aarbechterinnen an de bangladeschesche Fabrécken.
Am Kader vun der Caritas/Fairtrade Campagne "Rethink your clothes" weist d’Abtei Neimënster den Ament eng Fotosausstellung, déi op d’Mëssstänn an der Textilindustrie opmierksam mécht.
D’Fotografin an Aktivistin Taslima Akther kämpft fir d’Rechter vun de bëllegsten Aarbechtskräfte vun der Welt. Si setzt hir ausdrocksstaark Fotoen als Instrument an, fir déi schlecht Aarbechts-a Liewenskonditioune vun Textilaarbechter an hirer Heemescht Bangladesch ze beliichten. Hir beweegend Foto „Final Embrace“, déi si nom Kollaps vun der Rana Plaza-Fabréck geschoss huet, gouf 2013 vum Time Magazine zu enger vun deene beschten 10 Fotoe vum Joer gewielt.
D'Campagne "Rethink your clothes" a ganz besonnesch dës Expo sollen de Bléck vun de Konsumenten direkt op d’Produktioun vun hire Kleeder lenken a sou fir e méi nohaltegen a virun allem verantwortungsbewossten Ëmgang mat Kleedung suergen.
Nach bis e Sonndeg, kann ee sech dës Ausstellung an der Abtei Neimënster ukucken.