“I dreamed I was a house” aktivéiert dat psychologescht Potenzial vun engem Haus. Wann een vun engem Haus dreemt symboliséiert dat d'Ënnerbewosstsinn an de Charakter, esou heescht et an der Psychanalyse. Genau dat ass och d’Ausgangsiddi vun der Ausstellung. Op Invitatioun vum Casino, huet den Insitu Kollektiv vu Berlin sech Gedanke gemaach, wat dem Lëtzebuerger Public géing zousoen.
Bei hire Recherchen hu si erausfonnt, datt bal 80 Prozent vun de Lëtzebuerger Proprietaire sinn, e Statussymbol vum Lëtzebuerger. Dofir ass d'Iddi entstanen en Haus am Casino ze entwéckelen.
Si hunn 6 Kënschtler erausgesicht, déi sech mam Thema vum Haus op eng metaphoresch Manéier ausernee gesat hunn. All Raum ass vun engem anere Kënschtler kreéiert. Eng ganz faarweg a lieweg Ausstellung, déi vill Raum fir Interpretatioune léisst.
D’Haus am Haus ass esou opgedeelt, datt ee verschidde Raim huet: de laange Gank, de bloe Living, d’orange Kannerzëmmer, d’privat Schlofkummer, e verloossent Aarbechtszëmmer an de giele Keller.
Den Insitu Kollektiv ass zu Berlin baséiert a besteet aus 4 Membere mat 4 verschiddenen Nationalitéiten a berufflechen Hannergrënn. Fir dës Ausstellung hu si ganz spezifesch mat de Raimlechkeete vum Casino geschafft. Hinne gefält et eng Ausstellung just fir eng Plaz ze schafen, d'Haus wat een hei gesäit ass och just fir Lëtzebuerg an wäert net an enger anerer Stad gewise ginn.
„I dreamed I was a house“ gräift dann och d’Fro op: Wei géing iwwerhaapt är metaphorescht Haus ausgesinn?
D'Ausstellung leeft bis den 8. September am Casino an der Ënneschtgaass.