WeltexpoEsou gesäit de Lëtzebuerger Pavillon zu Dubai aus

RTL Lëtzebuerg
Lëtzebuerg ass an engem Joer op der Weltexpo zu Dubai dobäi. En Dënschdeg de Moie goufen déi éischt Detailer presentéiert.
Weltexpo 2020
Lëtzebuerg ass an engem Joer op der Weltexpo zu Dubai dobäi. En Dënschdeg de Moie goufen déi éischt Detailer presentéiert.

Vum 20. Oktober bis den 10. Abrëll 2021 ass déi alleréischt international Expo zu Dubai an den Vereenten Arabeschen Emiraten, ee vun de wichtegsten Handelspartner vu Lëtzebuerg. Eng riseg Stad soll do an der Wüst entstoen, mam Plang de Burj Khalifa z'iwwertreffen.

Lëtzebuerger Pavillon zu Dubai/Reportage Tim Morizet

© Expo 2020 Dubai

De Grand-Duché ass op der Weltexpo mat engem Pavillon vertrueden. En Dënschdeg war d'Presentatioun, wéi dee Pavillon ausgesäit.

Den Optrag krut den Architektebüro Metaform, Nüssli Adunic AG krut d'Gerance fir de Bau op der Plaz.

© Nüssli Adunic

2.770 Metercarré, sou grouss gëtt de Lëtzebuerger Pavillon, deen op 3 Stäck verdeelt ass an eng Kapassitéit vu ronn 500 Leit huet. Fir sech de Lëtzebuerger Deel vun der Expo unzekucken, gëtt eng Zäit vu 15 bis 20 Minutten agerechent.

De globale Budget fir d'Lëtzebuerger Participatioun gëtt op 32 Milliounen Euro chiffréiert. Dräi privat Partner - d'Post, d'SES an d'Chambre de Commerce - steieren all Kéier 2,5 Milliounen Euro bäi. Weider Sponsoringskontrakter goufe mat ArcelorMittal, Cargolux a RAK Porcelain, sou wéi Guardian Glass, MCM Steel an der Union luxembourgeoise de tourisme (ULT) ofgeschloss.

PDF: Schreiwes Dubai 2020

Back to Top
CIM LOGO