
Tageblatt.lu krut dat vun der Kulturministesch Sam Tanson op Nofro hi confirméiert.
Déi noutwendeg Reparature géifen ze laang daueren a wären net bis 2022 ofgeschloss. Dat heescht also, datt d'Gebléishal net den Haaptquartéier fir d'Kulturhaapstad ka sinn.
Mam Fonds Belval zesumme géif een elo kucken, en anert Gebai op Belval ze fannen, dat fir Esch 2022 ka genotzt ginn.
D'Generaldirektesch vun Esch 2022 Nancy Braun hat nach virun zwee Méint annoncéiert, datt si nach virun der Summervakanz mat de Büroe vun Esch 2022 vun Déifferdeng an dem 1535 an d'Gebléishal wéilt plënneren.
Souwuel d'Kulturministesch wéi och den Escher Buergermeeschter Georges Mischo stoungen hannert der Iddi vun der Gebléishal als Haaptquartéier.
Mä wéi gesot, wéinst Sécherheetsproblemer, déi sou séier net kënne geléist ginn, gëtt näischt dorausser.