2016 ass hie verstuerwen an am Mudam kann een den Ament eng grouss Retrospektiv vu senger Aarbecht gesinn. An d’Ausstellung weist virun allem och säin Engagement an der Konscht. Fir hie war d'Konscht nämlech ëmmer e Mëttel, fir politesch, sozialkritesch an awer och philosophesch Froen opzegräifen.
D’Ausstellung "Building Philosophy – Cultivating Utopia" weist Aarbechte vum Bert Theis iwwert eng Period vun 30 Joer. Scho viru sengem Doud hunn den Enrico Lunghi an de Bert Theis zesummen ugefaangen, un der Ausstellung am Mudam ze schaffen. D’Finalisatioun huet du missen ouni hie gemaach ginn. Wichteg war et dem Enrico Lunghi, datt d’Ausstellung virun allem de Geescht vum Theis senger Aarbecht esou gutt wéi méiglech representéiert.
Eng Sektioun weist, wéi de Kënschtler sech zum Beispill konzeptuell mam ëffentleche Raum auserneegesat huet. Seng Plattformen a Pavillone kreéiere Situatiounen, wou de Betruechter eng wichteg Roll spillt an aktiv a seng Konscht agebonne gëtt. 1995 huet de Bert Theis Lëtzebuerg op der Biennale zu Venedeg vertrueden. Säi Wierk huet deemools fir Diskussioune gesuergt. Lëtzebuerg hat nämlech keng Autorisatioun, fir e Pavillon am Giardini, der Haaptausstellungsplaz, ze bauen. De Bert Theis huet dunn decidéiert, en eegene falsche Pavillon ze realiséieren an dat tëschent dem belschen an dem hollänneschen. Dobäi erauskomm, ass d’Wierk "Potemkin Lock".
Gesellschaftskritik huet hien och schonn a senge ganz fréie Wierker ausgedréckt. Mat senge Collagen an Affichë wollt hien e Géigepol zum Kapitalismus an der Konsumgesellschaft ausdrécken. De Bert Theis huet tëschent Lëtzebuerg a Mailand gelieft. D'italienesch Staat ass séier Ausdrock gi fir säi politescht Engagement. Hien huet an engem Aarbechtervéierel an engem Industriegebitt gewunnt, e Quartier, deen no an no duerch Immobiliëspekulatiounen zerstéiert ginn ass.
De Bert Theis war sech senger Verantwortung als Mënsch an als Kënschtler an der Gesellschaft ganz kloer bewosst an esou huet hie seng Konscht als Engagement an och als Outil, fir eppes ze beweegen, gesinn.