Nei Graffitie vun der EU-KommissiounEng Mëschung aus Diddeleng an Europa op der Mauer vum Centre sportif

Lisa Weisgerber
De Projet vun der EU-Kommissioun "Hei an an Europa doheem" ass an der leschter Phas. Mat Diddeleng gëtt dee leschte vu 5 Graffitien uechter d'Land elo fäerdeg.

Den Diddelenger Centre Sportif krut an de leschten zwou Woche méi Faarf. Eng Mëschung aus Diddeleng an Europa prafft op der Mauer. De Projet vun der EU-Kommissioun “Hei an an Europa doheem” ass an der leschter Phas. Mat Diddeleng gëtt dee leschte vu 5 Graffitien uechter d’Land elo fäerdeg.

De Waassertuerm, eent vun de bekanntste Gebaier vun Diddeleng ass ee groussen Deel vum neie Graffiti. Scho wärend dem Workshop am Februar hu vill Diddelenger dat aalt Gebai op Pabeier bruecht. Esou dass et relativ kloer war, dass dësen och op de Centre Sportif gesprayt géif ginn. D’Form vun der Mauer war fir dëse Graffiti vu Virdeel, erkläert de Raphael Gindt, de Kënschtler, deen de Projet op d’Mauer sprayt:

“Fir den Design war et souguer relativ dankbar. Dës Mauer ass eeben e ganz breet Format an dann ass dee klenge Küb, deen deen do uewen esou erauskënnt, dee war eigentlech ideal, fir e Waassertuerm dran ze bauen an eeben e Loftballon mat enger Barriär an dat ass natierlech komplizéiert, well en net einfach just en DIN-A4-Blat huet, wou een einfach ka seng Skizzen drop maachen.”

D’Skizz huet vum éischten Entworf bis elo d’Endresultat puermol geännert. Fir de Graffiti uerdentlech op d’Mauer ze bréngen, gëtt mat der Skizz mee och mat Fotoe vum Gebai geschafft, esou de Kënschtler: “D’Haaptelement ass eeben den Diddelenger Waassertuerm, dee mer op enger Skizz ganz kraff gezeechent hunn. Dat ass awer net prezis genuch, fir nach op der Mauer ze molen. An dofir géif ech dann eigentlech erëm vun originale Fotoen aus, fir de Waassertuerm och detailgetrei ze molen.”

Fir de Waassertuerm ze sprayen, gëtt de Kënschtler mat enger Zort Kran erop bruecht. Do geet et dann net méi duer, nëmme kënschtleresch begaabt ze sinn. De Raphael Gindt: “Mir brauchen och déi richteg Formatiounen an e bëssen de richtegen Knowhow, falls d’Maschinn net ugeet oder soss eng Pann huet oder wann een uewen hänke bleift, muss ee sech ëmmer méi mat all deene Chantiersapparater e bëssen auskennen.”

Am Graffiti fënnt ee Schlussendlech puer Elementer aus dem Workshop erëm, dat alles an de Faarwe vun Europa: Blo a Giel, gesprayt. Dëst war eng vun de Konditioune vun der EU-Kommissioun. Et feelen elo nëmmen nach puer Detailer ier de Graffiti e Samschdeg inauguréiert gëtt.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO