
Den éisträichesche Kabarettist a Moderator Werner Schneyder ass dout.
Hie stoung op méi ewéi 1.000 Bühnen an Däitschland an an Éisträich. Bekannt waren ënner anerem d'Optrëtter am Duett mam Dieter Hildebrandt.
Hie huet ënner anerem als Sport-Journalist fir den ZDF geschafft an do zum Beispill den aktuelle "Sportstudio" moderéiert a war och Expert am Boxen.
De Werner Schneyder krut 82 Joer.