VIDEO: Lëtzebuerger Filmfestival 2019Een Iwwerbléck iwwer d'Präiskategorie vun den Documentairen

RTL Lëtzebuerg
D'Kompetitioun vun den Documentairen ass nieft der "sélection officielle" eng vun den zwou Präis-Kategorien um Lëtzebuerger Filmfestival.
Een Iwwerbléck iwwer d'Präiskategorie vun den Documentairen
D'Kompetitioun vun den Documentairen ass nieft der "sélection officielle" eng vun den zwou Präis-Kategorien um Lëtzebuerger Filmfestival.

Lëtzebuerger Filmfestival - Rep. Annick Goerens

6 Filmer erwaarden de Public, déi méi ënnerschiddlech net kéinte sinn:

Ugefaange mat engem ganz aktuellen Thema, dem Klimawandel. Am kanadesche Film "Anthropocene: The Human Epoch" geet et ëm eng wäit gefaasste Vue op all déi Changementer déi d'Mënschen un dëser Aërd gemaach hunn, déi permanent an net méi réckgängeg ze maache sinn, wéi z.B. grouss Minnen, Grouwen, Ueleg-Felder asw. Dofir sinn d'Realisateuren an 20 Länner op 6 Kontinenter ënnerwee gewiescht.

Am australeschen Documentaire Ghost Hunter vum Ben Lawrence dréint sech alles ëm e Mann den d'Halschent vun der Zäit Geeschter jot an zwar besonnesch dee vu sengem Papp de Jore virdrunner verschwonnen ass. Seng Recherchë féieren ee riicht an eng Police Enquête.

Den drëtten Documentaire aus der Ukrain dréint sech ëm eng jonk, aarm Fra vun 20 Joer déi duerch de Futtball kéint aus der Misär erauskommen. Déi eenzeg professionell Fraenequippen zu Kiew wëll si am Team hunn, ma si muss sech ëm hir jong Geschwëster këmmeren. Si muss sech entscheede fir hir Leidenschaft oder hir Famill.

Den Documentaire „Chinese Portrait“ ass e Resultat aus der chinesescher Nouvelle Vague a weist mat cinematographeschen, intime Portraiten aus iwwer engem Joerzéngt wéi sech China entwéckelt huet. Am Film gëtt also keng Beweegungen, e MUST fir Fans vum Art House Kino.

„Still Recording“ ass den Titel vun engem Documentaire iwwer Syrien. An d'Organisateure vum Filmfestival hunn versprach; et ass näischt wat een an der Form scho kéint gesinn hunn. Zanter iwwer 4 Joer filmen 2 jonk Syrer d'Evolutioun vum Biergerkrich: vun der Euphorie vum arabesche Fréijoer bis bei den Honger an den Doud déi haart Realitéite vum Krich.

De 6. Documentaire mam Numm „Selfie“ ass vum Agostino Ferrente. Mat der italienesch-franséisch Produktioun daucht een an d'Bastioun vun der italienescher Camorra an. Frëndschaft, Jugend, Despotismus vum Staat an eng Gesellschaft wou „Macho sinn“ zur Dagesuerdnung gehéiert, sinn d'Theme ronderëm déi sech den Documentaire dréint.

Déi 6 Documentairë lafen alleguerten am Ganzen 3x. Ticketen, Auerzäiten an aner Infoe fannt dir online op luxfilmfest.lu

VIDEO a FOTOEN: Luxembourg City Film Festival Optakt vun der néngter Editioun um Donneschdeg

Back to Top
CIM LOGO