D'lescht Joer hat hien dunn d'Iddi vun engem Opruff fir e participatiivt Konschtwierk, wou Leit, entweder direkt oder indirekt betraff, sech konnten dru bedeelegen.
Dëst participatiivt Konschtwierk gouf op alle Fall vun iwwer 2.000 Leit an dem Jacques Schneider geschaf, aus der Solidaritéit fir Broschtkriibspatienten. Dëse Patchwork op engem Lëtzebuerger Fändel vun 3,90 op 3,90 m soll Dag fir Dag an op ganz ënnerschiddleche Plaze fir d'Preventioun an d'Fréierkennung vum Broschtkriibs sensibiliséieren.