KasemattentheaterD'Theaterstéck "Jockey" vum Guy Helminger, eng Komedie iwwer Online-Dating

RTL Lëtzebuerg
D'Eugenie Anselin, de Pitt Simon an den Eidin Jalali verkierperen an dësem Stéck net just 3 Figuren, ma vill verschidde Charakteren.
Jockey vum Guy Helminger
D'Eugenie Anselin, de Pitt Simon an den Eidin Jalali, verkierperen an dësem Stéck net just 3 Figuren, ma vill verschidde Charakteren.

Si versichen, hirem Gléck an der Léift mëttels digitale Partschnerschaftsplattformen op d'Spréng ze hëllefen. De Guy Helminger beschäftegt sech a senger Komedie "Jockey" mam Phänomen vum Online-Dating an domatter, wéi dëst dat mënschlecht Flirtverhale beaflosst.

Fir de Regisseur Calle Fuhr loung dee grousse Reiz vun dësem Stéck virun allem an der Iddi,  eis  Chancen a Problemer am digitale Liewe mat engem analoge Medium unzepaken.

D'Zil vun dësem Stéck ass et net, Froen ze beäntweren, ma Froen opzewerfen, a sou bréngen déi 3 Schauspiller de Kär vum Stéck op gekonnten Aart a Weis un de Public.
D'Première ass schonn ausverkaaft, ma bis den 18. Juni inclus, huet een nach  4 Mol d'Geleeënheet, sech dëst Stéck am Kasemattentheater unzekucken.

Den Originaltext vum Guy Helminger kënnt den 11. Juni als Buch beim Verlag capybarabooks eraus.

 

 

Back to Top
CIM LOGO