D'"Zäit" - dat grousst Thema vun der Produktioun - interpretéiert d'Musekerin, andeems se d’Geschicht vun der Gei duerstellt.
De Projet ass gewuess: "Zäitverschwendung, Zäitgeescht, Zäitpunkt" - Zäit kann onofhängeg vun der Musek mol abstrakt oder ganz konkret sinn. De Regisseur Charel Muller huet déi Problematik opgegraff a schwätzt déi verschidden Etappen an der Mise en scène vum Stéck un.
De grousse Fokus läit op der Dänzerin a Choreographin Sylvia Camarda. D'Recherche fir hir Interpretatioun war anescht, wéi déi vun der Geiistin. Wéi reagéiert de Kierper op den Zäitafloss? Wéi verännert sech d'Kierpersprooch am Alter? Dat si Froen, mat deene si hir Beweegunge fonnt huet an an den Dialog mat der Geiistin trëtt.
Wéi déi ënnerschiddlech Recherchen ëm d'Thema Zäit op der Bühn zesummefléissen, kann en e Mëttwoch an en Donneschdeg am Escher Theater gesinn.