Scho mat 18 Joer stoung d'Eugénie Anselin mat enger One-Woman-Show, déi se selwer geschriwwen hat, op der Bühn. Elo mécht se deen Exercice nach emol mat hirer Produktioun "WOW", déi se op franséisch an op däitsch spillt. An de leschte Joren ass d'Eugénie Anselin no der Schauspillschoul zu Zürich a villen Theater- a Filmproduktiounen ze gesi gewiescht, doriwwer huet déi temperamentvoll jonk Dame vill z'erziele beim Jenny Fischbach.
Ausserdeem stellt d'Annick Goerens d'Expo "Art2Cure" vir an de Cédric Kieffer schwätzt iwwer e ganz intressante Film-Projet vun der asbl LEILU an dem CNA.De labbere Kulturtalk "No Art On Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad elo ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.