RIPDoud vum Talk-Talk-Sänger Mark Hollis mat 64 Joer

RTL Lëtzebuerg
Iwwer een Tweet vun engem Familljemember ass ee gewuer ginn, datt de Sänger a Kapp vun Talk Talk, Mark Hollis, mat 64 Joer gestuerwen ass.

Hei den Tweet vu engem Member vun der erweiderter Famill. Et ass nach näischt iwwer d'Doudesursaach gewosst.

Mat esou Hits wéi "It's my Life" oder "Such a Shame" ass Talk Talk an der 80er Jore grouss ginn. Duerno koumen Kritiker-Liblings-Alben wéi "Spirid of Eden" a "Laughing Stock".

Hien huet virun 20 Joer säin éischten an eenzege Solo-Album gemaach, ee nuancéiert an hermetesch-manieréiert Meeschterwierk, "Mark Hollis". Duerno huet een iwwerraschend der Industrie de Réck gedréit.

Back to Top
CIM LOGO