MusekDoud vum Papp vum Bossa Nova, João Gilberto, mat 88 Joer
RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg ass et d'Nouvelle, datt ee vun de Päpp vum Bossa Nova, de brasilianesche Gitarrist, Sänger a Komponist João Gilberto verstuerwen ass.
Update: 07.07.2019 15:13
Dat huet seng Famill elo matgedeelt.
Fir säi Stil war virun allem de luese Gesang a Rhythmus vu senger Manéier Gitarr ze spillen, charakteristesch. "The Girl from Ipanema" hat hie fir ee vun den anere Bossa-Nova-Pionéiere Carlos Jobim geschriwwen.