A genee dohin ass d'Tali e Freideg geflunn.
Eise Fotograf Steve Müller war net just bei der leschter Prouf an der Escher Rockhal mat senger Kamera mat dobäi, hien huet d'Tali och um Findel begleet.
E Freideg goung d'Rees lass vu Lëtzebuerg a Richtung Schweden. De 7. Mee steet d'Tali jo an der éischter Halleffinall vum Eurovision Song Contest op der Bün a stellt sech senge Konkurrenten.
RTL ass live fir Iech mat dobäi a streamt béid Halleffinallen de 7. an 9. Mee souwéi d'Finall den 11. Mee an dat multilingual op all eise Plattformen.

Gewënnspill: Mat RTL op Malmö - Gewannt Är Plaze fir de Eurovision Song Contest