Dobäi spillt och de Public eng Roll: d'Leit kënnen hir eege Motiver mat Waasserspray oder Donscht op eng Luuchtemauer molen. Dat ass eng vu 6 Installatiounen um Multiplica Festival dëse Weekend an de Rotonden. Interaktiv Wierker an Experimenter erméiglechen e Bléck hannert d’Kulissen a maachen d’Welt vun der digitaler Konscht liicht accessibel.
Net nëmmen Installatiounen, ma och Performancen, Concerten an Ateliere stinn um Programm. An deenen 3 Deeg geet et drëm, op déi vill verschidde Facettë vun digitaler Konscht opmierksam ze maachen. Kreatioune vu Lëtzebuerger Artiste sinn en Deel vun der Biennale, ma och international Kënschtler kréien d’Geleeënheet, hei hir Wierker ze presentéieren.
Eng praktesch Aféierung an de "Video Mapping" gëtt de Lëtzebuerger Motion Designer Steve Gerges. Hei geet et drëm, Biller, Videoen oder Luuchten op grouss Flächen ze projezéieren. De Kënschtler weist och den Ament eng Kreatioun an der Rue du Curé. D'Installatioun reagéiert op Beweegunge vu baussen. Beim Laanschtspadséire ka sou jidderee seng eegen digital Trace hannerloossen.