HollywoodDëst Joer soll kee Moderater duerch d'Oscar-Nuecht féieren

RTL Lëtzebuerg
Nodeems et Sträit mam designéierten Animateur dem Komiker Kevin Hart gouf, gouf no engem anere Moderateur gesicht... ouni Succès!

Dat huet de Spriecher vun der Oscar Akademie an der Nuecht bekannt ginn.

De Gremium huet doropshin decidéiert, datt dëst Joer keen d'Oscare soll moderéieren. Vill méi géif ee fir déi 91ten Editioun op en neit Konzept setzen. Hollywood Acteuren sollen de ganzen Owend iwwer an Ofschnëtter duerch d'Emissioun féieren. Déi leschte Kéier, wou een op ee Moderater wärend der Oscar-Nuecht verzicht huet, war 1989, dat ass also schonn 30 Joer hir.

Back to Top
CIM LOGO