Festival WolzD'Editioun 2019 steet!

RTL Lëtzebuerg
Fir d'67te Kéier steet de Summer zu Wolz am Zeeche vun der Kultur mam Festival, deen zënter 2017 eng nei Nues huet.
© Festival Wiltz

Och dëst Joer kann een hei national an international Kënschtler an der Open-Air Ambiance vum Amphitheater beim Wëltzer Schlass erliewen.

Aus den Erfarunge vun den zwou leschten Editiounen ass dann och de Programm 2019 entstanen. Anescht ass, datt dëst Joer de Festival an der Zäit op dräi Wochen reduzéiert gouf. En ass vum 6. bis den 25 Juli.

D'Plaz bleift awer déi selwecht, mat der OpenAir Ambiance am Amphitheater beim Schlass, wou déi méi "grouss" Concerten a Spektakelen sinn, mä et gëtt awer, do wou och de Food-Village ass, eng zweet Bühn, en Zelt, genannt "Am Hexentuerm", deen d'Ambiance vu méi klengen Jazz-Concerten huet.

E puer Highlights aus dem Programm:

Zorbas
Zorbas
© Theater Trier

Ballet "Zorbas" mam Theater Trier - eng Inszenéierung mat Danz, Chouer an Orchester an der Musek vum Mikis Theodorakis.

Dee Dee Bridgewater - déi Grande Dame aus dem Jazz, déi scho méi dacks zu Lëtzebuerg war, kënnt am Kader vun der Tournee "J'ai deux amours".

Aus dem Beräich Rock-Pop ass et déi britesch Band Morcheeba.

Déi italienesch Chanson-Sängerin Etta Scollo ass zënter ville Joren an hirer Heemecht mat hire Lidder ganz populär, dobäi paakt si och op hirem leschten Album sozialkritesch Themen un.

Etta Scollo
Etta Scollo
© Geboren Thielsch

Bei de Lëtzebuerger Artisten sinn de Percussionist Pit Dahm derbäi, dee säin neien Album virstellt an d'Formatioun NoMad, 4 Museker, déi an där Constellatioun lescht Joer fir d'éischt zu Wolz matenee gespillt hunn, an elo mat neiem Numm erëmkommen.

© Pit Dahm

Regional gekuckt gëtt et eng Collaboratioun mam Naturpark Uewersauer, do trieden 6 Harmonien zesummen op an dat ënnert dem Motto "WaterArt meets Festival de Wiltz".

Fir de jonke Publikum gëtt et e Musical "Lichtermeer" mat de bekannte Figuren Jan und Henry vum kika.

Bis den 30. Abrëll gëtt et en Early-Bird-Tarif. Detailler a Reservatiounen op:

Programm Festival Wiltz

Back to Top
CIM LOGO