De Marco Lorenzini gehéiert zu de Charakterkäpp ënnert de Lëtzebuerger Schauspiller souwuel op der Bühn wéi och beim Film, souwuel heiheem wéi am Ausland. Den Ament ass hien am Govinda Van Maele sengem Film "Gutland" ze gesinn. Doriwwer huet hie méi beim Loïc Tanson gezielt.
Ausserdeem hunn de Frank Grotz an d'Claudia Kollwelter iwwer d'Projete vun der "Année Européenne du Patrimoine culturel" geschwat.
De labbere Kulturtalk "No Art On Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad elo ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.