Detailer bekanntDe Prodigy-Frontman Keith Flint huet sech erhaang

RTL Lëtzebuerg
De Frontman vun der britescher Rave-Band The Prodigy huet sech erhaangen. Dat huet d'Geriichtsmedezinerin Lynsey Chaffe e Méindeg confirméiert.
© AFP Archivbild

Den 49 Joer ale Sänger gouf de 4. Mäerz dout a senger Wunneng zu Essex, am Nordoste vu London, fonnt. Knapp duerno hat et geheescht, de Keith Flint hätt sech d'Liewe geholl, Detailer koume keng un d'Ëffentlechkeet, bis elo.

An engem éischte Rapport no der Autopsie gouf Doud duerch Erhänke festgehalen, dat toxikologescht Resultat steet nach net fest. Eng Friemawierkung konnt ausgeschloss ginn. D'Geriichtmedezinerin Lynsey Chaffe huet dës éischt Detailer e Méindeg der Ëffentlechkeet presentéiert.

The Prodigy war eng vun den aflossräichste Bands an der Rave-Zeen. Hir gréissten Hits "Firestarter", "Breathe" a "Smack My Bitch Up" si bis haut déi weltbekannt.

Wéi kuerz nom Doud vum Flint erauskoum, war et a sengem Privatliewen an de leschte Jore méi turbulent. Virun 3 Joer hat hie sech vu senger Fra, der japanesche Djaine Mayumi Kai getrennt. Si hu sech ni scheede gelooss. Vun enger heemlecher Frëndin, mat där de Flint 2 Joer soll zesumme gewiescht sinn, hätt hie sech viru Kuerzem getrennt.

Medien hunn d'Fro opgeworf, ob Libeskummer soll e Grond fir de Suicide gewiescht sinn.

Den 2. Mäerz, also nëmmen 2 Deeg viru sengem Dout, war de Prodigy-Frontman nach op engem Marathon matgelaf. Trotz sengem expressiven Ausgesinn, senge sëllechen Tattooen an de ville Piercingen, war hien e rouegen an introvertéierte Mënsch.

E Sonndeg hunn d'Fans iwwerall op der Welt dem Keith Flint geduecht.

Back to Top
CIM LOGO