An déi Kéier mat engem ambitiéise Projet "Rosace.8". No engem Jazz- an engem elektronesche Projet presentéiert hien dës Kéier méi eng orchestral Kompositioun.
De grousse Sall vun der Philharmonie ass keng ongewinnte Plaz fir de Vibraphonist Pascal Schumacher. A wann de Museker d’Chance kritt, sech an dësem Sall ze produzéieren, da wëll hie sech och erëm nei erfannen, dës Kéier mam OPL, wann och an enger reduzéierter Form vum Orchester.
Den Ursprong vum aktuelle Projet "Rosace.8" huet dann éischter ee romanteschen Hannergrond.
Bei "Left Tokyo right" war de Pascal Schumacher sengem Jazz-Universum treibliwwen, 2017 hat e mat "Drop and Points" ee ganz neien elektronesche Wee ageschloen, fir dann elo erëm zeréck an de klasseschen Domaine ze kommen, ma dem Vibraphonist seng musikalesch Ënnerschrëft erkennt een trotzdeem erëm.
E Mëttwoch den Owend kann een dësen eemolege Concert an d'Philharmonie lauschtere goen.