VIDEO a FOTOENDe Musical "Thriller" begeeschtert d'Leit an der Rockhal

RTL Lëtzebuerg
Lidder ewéi Smooth Criminal, Black or White, Bad oder Thriller hunn net gefeelt an hunn et fäerdeg bruecht, déi ganz Rockhal un d'Danzen ze kréien.
© Steve Müller

Déi éischt stounge schonn eng gutt Stonn ier d'Dieren opgaange si virun der Dier an der Keelt. D'Wiederkonditioune sinn deene richtege Fans definitiv egal, wat zielt ass, fir de King of Pop eng kéier live ze erliewen, och wann et nëmmen een Doubel ass.

Musical "Thriller" begeeschtert d'Leit an der Rockhal
Lidder ewéi Smooth Criminal, Black or White, Bad oder Thriller hunn net gefeelt an hunn et fäerdeg bruecht, déi ganz Rockhal un d'Danzen ze kréien.

750.000 Euro, dat war 1982 de Budget vun der CD-Produktioun. Seng Lidder sinn a bleiwe weltbekannt. Lidder ewéi Smooth Criminal, Black or White, Bad oder Thriller hunn definitiv net gefeelt an hunn et fäerdeg bruecht, déi ganz Rockhal un d'Danzen ze kréien.

Wien den 22. Juni 1997 zu Beetebuerg de King of Pop gesinn huet, war och hei um Rendez-vous an de Public war begeeschtert.

Wien elo heimat nach net genuch krut, deen dierf sech op de 5. Februar freeën, well da steet den nächste Musical um Rendez-vous an zwar CATS.

FOTOGALERIE: Andréck vum Steve Müller

Back to Top
CIM LOGO