Datt d'Musek em géing leien, wosst de Kid Colling, wéi e seng éischt Gitarr am Grapp hat. Mat der Blues-Musek ass et him d'selwecht gaangen. Zu Paräis huet e studéiert an do och den Jazz entdeckt. Haut tourt e mat senger Band Kid Colling Cartell duerch national an international Concerts-Säll. Dës Woch mécht e Statioun fir No Art beim Jenny Fischbach am Gudde Wëllen.
Ausserdeem stellt d'Patricia Baum d'Expo vum Jeff Wall am Mudam vir an de Claude Neu hëlt eis mat op Bréissel an d'Fondation Boghossian.De labbere Kulturtalk "No Art On Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad elo ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.