De Joël Heyard ass Drummer a Musek-Produzent a schonn zënter laange Joren an der Lëtzebuerger Musekwelt ënnerwee. Elo bréngt hien säin éischten eegenen Album "Introspection" eraus. Am No Art erzielt e vun sengem Alldag als Produzent an erënnert och och un déi éischt Optrëtter.
Ausserdeem erzielt d'Patricia Baum vun zwou neien englesche Serien an d'Claudia Kollwelter war sech déi nei Annexe vum Centre Pompidou zu Bréissel ukucken.De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad elo ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.