Am Alter vun 88 Joer De "Men in Black"-Schauspiller Rip Torn ass dout

RTL Lëtzebuerg
Den US-Schauspiller ass en Dënschdeg am Alter vun 88 Joer friddlech am Krees vu senger Famill ageschlof.
© © Getty Images North America/Getty Images/AFP/Archiv/CARLO ALLEGRI

De Rip Torn gouf 1931 am US-Bundesstaat Texas gebuer an hat eng laang Carrière op der Bühn an am Film. De Schauspiller ass virop fir seng Roll als Chief Zed am Blockbuster "Men in Black" bekannt. Hie gouf mam Theaterstéck "Sweet Bird of Youth" fir den US-Theaterpräis Tony nominéiert a fir seng Roll am Film "Cross Creek" krut hien eng Oscar-Nominatioun.

Back to Top
CIM LOGO