Viru 500 Joer gestuerwenDe Leonardo da Vinci war méi wéi "just" e Moler

RTL Lëtzebuerg
Viru genee 500 Joer ass ee vun de bedeitendste Visionäre gestuerwen – de Leonardo da Vinci.
500 Joer Leonardo da Vinci
Viru genau 500 Joer ass ee vun de bedeitendste Visionäre gestuerwen – de Leonardo da Vinci.

Hie war méi wie just de Moler vun der Mona Lisa. Naturwëssenschaft, Mathematik, Philosophie, Architektur – dat a villes méi ware Beräicher déi de Leonardo da Vinci praktizéiert huet. Hien war senger Zäit immens viraus an inspiréiert bis haut Wëssenschaftler a Kënschtler op der ganzer Welt.

De Leonardo da Vinci ass 1452 an der Gemeng Vinci an Italien op d’Welt komm. Säi bekanntste Wierk aus sengem Repertoire ass haut d’Mona Lisa, déi ëm 1500 entstanen an zënter Enn vum 18. Joerhonnert gehéiert d‘Wierk dem Louvre zu Paräis. Ma am Ganzen huet de Leonardo Da Vinci mol keng 20 Molereien a sengem Liewe realiséiert. Hien gëllt haut als en Universalgenie, deen net nëmmen d’Renaissance Molerei gepräägt huet, ma och a villen anere Beräicher senger Zäit viraus war.

Hien huet vill anatomesch Studien duerchgefouert, wou hie méi wéi 30 Läiche sezéiert huet, als Hëllef fir seng Molereien. Doniewent huet hien och vill Skizze fir Gebaier, Maschinnen a Waffe gezeechent. Projeten déi hien awer ni realiséiert huet. Hien selwer huet nämlech fonnt datt d‘Iddi u sech méi reizvoll ass wei seng Ëmsetzung. Seng Iddie waren awer Virreider fir Erfindungen déi méi spéit komm sinn, wéi zum Beispill den Airbag oder den Helikopter. De Leonardo da Vinci war e Visionär, e virwëtzege Kapp an e Renaissance-Genie. Wie vill aner Kënschtler aus där Zäit huet hien och mat Schüler geschafft, esou datt verschidde Wierker bis haut ëmstridde sinn, well net ëmmer kloer ass op et aus der Hand vum Leonardo kënnt.

Dat rezentste Beispill heifir ass d’Wierk „Salvator Mundi“ dat 2017 bei enger Auktioun de Rekordwäert vu 450 Milliounen Dollar erreecht huet.

© Anthony WALLACE / AFP

Seng Tracen, Erfindungen, Iddien a Gedankegäng hunn awer bis haut déi verschiddenst wëssenschaftlech, philosophesch a kënschtleresch Beräicher influenzéiert an esou hunn seng deemools visionär Iddien zu villen Erkenntnisser a wichtegen Erfindunge gefouert. De Leonardo Da Vinci ass den 2. Mee 1519 zu Amboise a Frankräich gestuerwen.

Iwwregens gouf och pünktlech op de Doudesdag vum Da Vinci eng Partie Hoer vu Wëssenschaftler publizéiert, déi anscheinend dem Kënschtler gehéiere sollen. Elo géif dat Ganzt mat der DNA vum Da Vinci ofgeglach ginn.

Back to Top
CIM LOGO