RIPDe Guillermo Mordillo ass dout

RTL Lëtzebuerg
Wéi spuenesch Medie mellen, ass de Cartoonist am Alter vu 86 Joer an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg op Mallorca gestuerwen.
© AFP

Enn de 60er Joren ass dem Mordillo mat der Publikatioun vu Cartoonen den Duerchbroch gelongen. Säi Markenzeeche ware méi ronn Figure mat décken Nuesen.

Bei senge Cartoonen huet de Guillermo Mordillo op Wierder verzicht. Hie koum am Joer 1932 als Kand vun enger spuenescher Immigrantefamill an Argentinien op d'Welt. Mat 12 Joer huet hien ugefaange mat molen.

Back to Top
CIM LOGO