routwäissgroDe Frank Grotz iwwer "Ad vitam aeternam"

RTL Lëtzebuerg
Am Ausbléck op de "routwäissgro"-Documentaire, deen de Sonndeg, 19. Mee um 19 Auer gewise gëtt, schwätzt de Realisateur iwwer d'Opstoppe vun Déieren.
VIDEO: routwäisgro: De Frank Grotz iwwer "Ad vitam aeternam"
Am Ausbléck op de "routwäissgro"-Documentaire, deen de Sonndeg, 19. Mee um 19 Auer gewise gëtt, schwätzt de Realisateur iwwer d'Opstoppe vun Déieren.

Déi eng kënnen et keng zwou Sekonne kucken, déi aner kréien es ni genuch. Opgestoppten Déiere maachen Angscht a faszinéiere gläichzäiteg.

De Mario Fischer ass Taxidermist, also Déierepräparator. Hien erwächt déi verschiddenst Déieren zum Liewen.

Wéi dem Mario säin Aarbechtsoflaf ausgesäit, kann een e Sonndeg an der RTL-Serie "routwäissgro" gesinn. "Ad vitam aeternam", fir dat éiweg Liewen, leeft um 19 Auer.

En Donneschdeg den Owend hu mir am Magazin mam Realisateur Frank Grotz geschwat.

Back to Top
CIM LOGO