RIPDe britesche Schauspiller Peter Mayhew, alias Chewbacca, ass dout

RTL Lëtzebuerg
Den 2m21 grousse Peter Mayhew gouf berühmt duerch d’Verkierperung vum Chewbacca an de Stars Wars Filmer. Hien ass am Alter vu 74 Joer gestuerwen.

Wéi seng Famill en Donneschdeg op Twitter matgedeelt huet, ass hie schonn en Dënschdeg a sengem Haus am Texas gestuerwen.
De Schauspiller huet an engem Spidol zu London geschafft, wéi de Filmproduzent Charles Schneer hien entdeckt huet. Seng éischt Kinosroll hat hien 1977 am Film "Sinbad und das Auge des Tigers". Hien huet e Minotaurus verkierpert an deem Film.

Nach am selwechte Joer huet en déi éischte Kéier d'Roll gespillt, déi säi Liewen duerno präge sollt. Fir den éischte Star Wars Film "Krieg der Sterne" ass en an d'Roll vum Wookie-Krieger Chewbacca geklommen, dem Co-Pilot a beschte Frënd vum Han Solo, gespillt vum Harrison Ford.

Och am  "Das Imperium schlägt zurück", "Die Rückkehr der Jedi-Ritter", "Die Rache der Sith" an "Das Erwachen der Macht" huet en den Chewbacca gespillt. Duerno huet en aus gesondheetleche Grënn mussen ophalen.

De Peter Mayhew hannerléisst eng Fra an 3 Kanner. Eng Trauerzeremonie ass fir den 29. Juni geplangt. Fir d'Fans soll et eng Veranstaltung am Dezember zu Los Angeles ginn.

Back to Top
CIM LOGO