
No dem klassesche Sound vum leschte Joer war et déi Kéier méi jazzeg mam ONJL, dem Orchestre National de Jazz Luxembourg, dem Sträicher-Ensembel "Estro Armonico" an de Solisten Remo Cavallini a Salima.
Um Programm stoungen ë.a. Lëtzebuerger Lidder, déi vum David Laborier fir Big Band arrangéiert goufen, awer och nei Stécker, déi de Gast Waltzing fir d'Sängerin Salima geschriwwen huet.

Den neien Album "Hope" kënnt och elo als CD an als Vinyl-LP eraus.
