
D'Band The 1975 gouf als beschten national Band an fir den beschten Album „A Brief Inquiry Into Online Relationships“ ausgezeechent.
D'Dua Lipa an de Calvin Harris hu fir den Hit "One Kiss" de Präis fir déi bescht britesch Single gewonnen.
D'Präisser fir déi bescht international Kënschtler goungen un de kanadesche Rapper Drake, d'US-Sängerin Ariana Grande, grad ewéi un d'Beyoncé an den Jay-Z, déi ënnert dem Numm The Carters zusummen optrieden.
D'US-Sängerin Pink krut als éischten Net-Brittin den Éierepräis iwwerreecht, dëst fir hir 20 Joer am Musekbusiness.
