
Den 4. Mee 1929 ass d'Audrey Ruston, wéi d'Actrice mam Meederchersnumm geheescht huet, zu Bréissel op d'Welt komm. Mat iwwer dausende vu Biller a perséinleche Géigestänn kréien d'Visiteure vun der "Intimate Audrey"-Ausstellung een intimen an déiwen Abléck an d'Liewe vun der Film- a Moud-Ikon. Dës Géigestänn goufe vun engem vun hiren zwee Bouwen zur Verfügung gestallt, dem Sean Hepburn Ferrer, den 1960 op d'Welt koum.

Et léiert een net onbedéngt eppes Neies, mee et gëtt een awer erëm an déi Zäit zeréckversat, wou der jonker Actrice hir Carrière fir d'éischt ugefaangen huet. Et erlieft een, wéi aus dem Meedchen déi Fra ginn ass, déi jiddereen kennt, sou hire Jong. Schauspillerin, Moud-Idol, Mamm: mat all dëse Wierder kann een déi bekannte Fra beschreiwen, ënner anerem huet sech d'Audrey och fir Unicef agesat. Bannen deene leschte 5 Joer vun hirem Liewen huet si do als Ambassadrice gedéngt.

Zwee Oscare goufen der Actrice iwwerreecht, 1993, dat Joer wou dem Audrey seng 2. Oscar-Éierung annoncéiert gouf, ass d'Schauspillerin an hirer Residenz an der Schwäiz un enger seelener Kriibserkrankung gestuerwen.
De Samschdeg wier d'Audrey Hepburn 90 Joer al ginn.