
D'Artweek ass deemno e feste RV gi fir d'zäitgenëssesch Konscht. Si lackelt dobäi net nëmmen méi Visiteuren un, mä och méi Aussteller aus Lëtzebuerg an dem Ausland. Ënnert 100 Kandidaturen, déi eragereecht goufen, huet de Comité de sélection 64 Galerien zeréckbehalen, dat sinn der 16 méi wéi 2018, dorënner sinn och 17 Lëtzebuerger Galerien.
Nei ass dëst Joer d'Sektioun "First Call" fir Galerien an der Haaptsektioun, déi fir d'éischt derbäi sinn. Och fir den Take Off, bei deem jonk Galerien an Associatiounen ausstellen, geet d'Zuel vun 17 op 23 an d'Luucht. Dofir ginn och nach méi Emplacementer an der Hal Victor Hugo genotzt.

Fir de 5. Gebuertsdag richteg ze markéieren, soll am Open Space um Rond-Point Schuman tëscht Tram an Allée Scheffer eng grouss Skulptur stoe kommen. Detailler derzou goufen et awer nach weider keng.
Fir den Initiateur a Galerist Alex Reding ass et d'Confirmatioun, datt d'Artweek hir Plaz fonnt huet.
Mat enger Rei Table-Ronden a Konferenzen gëtt d'Artweek scho vum 21. Oktober u lancéiert.
De Programm vun der ArtweekGenau sou wéi bei de vergaangenen Editiounen ass gläichzäiteg am Tramsschapp och nees de Salon vum Cercle Artistique CAL, deen awer schonn eng Woch éischter seng Dieren opmécht. De Vernissage ass den 2. November an d'Ausstellung leeft bis den 14. November. Dëst Joer gëtt ënnert den ausgestallte Wierker och nees de Prix Grand-Duc Adolphe verdeelt.
D'Artisten kënne sech bis den 22. August online aschreiwen. E Jury decidéiert, da wéi eng Wierker um Salon derbäi sinn.