RIP"Airwolf"-Acteur Jan-Michael Vincent gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De Jan-Michael Vincent ass am Alter vu 74 Joer gestuerwen. Hie war eng Tëlee-Ikon aus den 80er Joren mat senger Serie iwwer de Kampfhelikopter "Airwolf".
© Instagram

Wéi international Medie mellen, soll den Acteur schonn den 10. Februar no engem Häerzstëllstand gestuerwe sinn.

De Jan-Michael Vincent war zu senge Glanzzäiten ee vun de beschtbezuelten Hollywood-Schauspiller. Fir eng Emissioun an der Serie "Airwolf" soll hie ronn 200.000 Dollar verdéngt hunn. Nieft der Haaptroll an där Serie, huet hien och a Filmer wéi "Hooper" an "Hard Country" matgespillt.

Back to Top
CIM LOGO