VIDEO: UGDA Diplom-Iwwerreechung881 Schüler kruten en Diplom

RTL Lëtzebuerg
D’Union Grand-Duc Adolphe ass jo a 56 Gemengen zoustänneg fir de Museks-Unterrecht an zielt ganzer 13.000 Memberen. Et feelt allerdéngs u Benevollen.
© Vidosava Kuzmic (RTL)

881 Schüler konnte sech e Sonndeg de Moien iwwert een Diplom vun der UGDA-Museksschoul freeën. D’Union Grand-Duc Adolphe ass jo a 56 Gemengen zoustänneg fir de Museksunterrecht an zielt ganzer 13.000 Memberen. Den Interessi fir d’Musek wier also nach ëmmer do, och bei de Jonken. An awer steet d’UGDA aktuell virun enger Rei Erausfuerderungen.

UGDA Diplom-Iwwerreechung
D’Union Grand-Duc Adolphe ass jo a 56 Gemengen zoustänneg fir de Museks-Unterrecht an zielt ganzer 13.000 Memberen. Et feelt allerdéngs u Benevollen.

Der UGDA geet et gutt, esou de neie President Gilbert Girsch. Mat ronn 5.700 neien Aschreiwunge fir d’Joer 2017/2018, bleift d’Unzuel vun de Schüler an de Museksschoule stabel. Wat de Verwaltungsrot awer ugeet, huet d’UGDA et méi schwéier. Et feelt u Benevolle, ee Grond firwat de Gilbert Girsch d’Presidence iwwerholl huet, nodeems d’Martine Deprez demissionéiert huet. Wa sech keen anere géing fanne, fir de Poste vum President z’iwwerhuelen, géing de Gilbert Girsch driwwer nodenken, och no 2020 weider ze maachen.

Wat den Interessi fir d’Musek bei deene Jonken ugeet, kéint ee sech net beschwéieren. 14% vun de Kanner sinn tëscht 5 a 6 Joer al, fir Nowuess ass also gesuergt. Fir dass awer nach méi Jonker u Musekscoursen deelhuele kënnen, misst een den Accès vereinfachen, erkläert de Paul Scholer, Direkter vun der UGDA Museksschoul. Engersäits bedeit dat nach méi eng enk Zesummenaarbecht mat de Maison Relaisen a Grondschoule, fir dass d’Musek eng méi grouss Roll anhëlt. Anerersäits wier et och wichteg, dass all Famill et sech leeschte kéint, d’Kanner an enger Museksschoul anzeschreiwen, esou de Paul Scholer.

Fazit: der UGDA geet et zwar gutt, mä et kann awer ëmmer nach bësse besser goen.

FOTOGALERIE: UGDA Diplom-Iwwerreechung (03.02.2019)

Back to Top
CIM LOGO