
Fir de Regie-Oscar ass net eng eenzeg Fra nominéiert, beim Sundance hunn direkt 5 Regisseurinne gewonnen.
De "Grand Jury Prize" an der Kategorie "US-Drama" huet sech de Film "Clemency" vum Chinonye Chukwu geséchert. Si ass déi éischt afroamerikanesch Fra iwwerhaapt, déi dëse Präis krut, deen als déi wichtegst Auszeechnung beim Independent Festival gëllt.
An der der internationaler Wäertung konnt "The Souvenir" vum Joanna Hogg iwwerzeegen. Déi aner 3 Regisseurinne sinn, fir d'US-Doku "Born in China", d'Zhang Lynn an d'Nanfu Wang an d'Tamara Kotevska mat hirem internationalen Dokumentarfilm "Honeyland".
De Sundance-Festival gëtt et zanter 1978. Hie gëllt als méi klengen a renge Film-Festival, deen onofhängeg Produktiounen, also déi Filmer, déi ouni déi grouss Studioen entstane sinn, presentéiert an auszeechent.