VIDEO: Luxembourg City Film Festival12 Filmer goufen um Kuerz-Film-Owend presentéiert

RTL Lëtzebuerg
Bei de Genrë goung et queesch duerch de Gaart. Nieft Komedie, Drama a Science-Fiction, waren dës Kéier och Dokumentarfilmer dobäi.
Luxembourg City Film Festival 2019
12 Filmer goufen um Kuerz-Film-Owend presentéiert, en Owend, dee mëttlerweil fest zum Programm dobäi gehéiert.

De Kuerz-Film-Owend gehéiert all Joers zu de feste Rendezvousen um "Luxembourg City Film Festival". De Méinde konnten hei nees nei Realisateuren hier éischt Aarbechten hannert der Kamera weisen a fir weider Projeten op sech opmierksam maachen.

D’Waardelëscht fir déi leschten Tickete war laang, genee esou wéi de Programm op deem dës Kéier net manner wéi 12 Filmer stoungen.

Bei de Genrë goung et queesch duerch de Gaart. Nieft Komedie, Drama a Science-Fiction, waren dës Kéier och Dokumentarfilmer dobäi.

Back to Top
CIM LOGO