
"Et ass e Fest, wat duerch d'Musek d'Leit aus dem ganze Land zesummebréngt." dat gouf en Dënschdeg de Moie bei der Presentatioun vun der 26. Editioun vun der Fête de la musique betount. Iwwer 10 Deeg ginn dëst Joer an 20 Gemengen net manner wéi 311 Concerte gespillt. Optakt ass den 12. Juni an der Stad Lëtzebuerg, an den Ofschloss mécht Diddeleng de Weekend vum 21. Juni.
Musikalesch gëtt extreem vill gebueden, vun de Museksschoule vun der UGDA, iwwer national Acts wéi Francis of Delirium, Tuys, De Läb oder engem Revival vun Eternal Tango bis hin zu internationalen Artiste wéi Patrice ass d'Programmatioun extrem divers a couvréiert praktesch all Museksgenre. Nei dobäi sinn dëst Joer ënnert anerem d’Gemenge Leideleng a Miersch. Vun der Asbl "Fete de la musique" war et dann awer och nach den Opruff, fir d'Gemengen aus dem Norde motivéiert ze kréien, bei den nächsten Editioune mat dobäi ze sinn. Den Detail vun der 26. Editioun fannt dir op "fetedelamusique.lu"