Am TaktMam Mariana Bernardes, Josh Island & Dead Cat Bounce

Loïc Juchem
D'Mariana Bernardes an de groussen Dram vun der Musikerin, den Josh Island a säin neien Album an Dead Cat Bounce sinn zeréck, no enger laanger Paus.
© RTL Grafik

An der Emissioun “Am Takt” um Méinden Owend steet déi Lëtzebuerger Musek am Mëttelpunkt. E Freide kënnt mat “Imaginary Borders” den zweeten Album vum Josh Island eraus. D’Lidder zu Lëtzebuerg, Athen, Amsterdam a Lissabon entstanen an opgeholl ginn.

© Katya Molchan

Den Titel steet fir eng kloer Iddi: vill Grenzen, déi mir gesinn, sinn eigentlech nëmmen imaginär. Fir de Josh ass Musek e Mëttel, fir Leit zesummen ze bréngen an dës Grenzen ze iwwerwannen. Den Album hëlt d’Nolauschterer mat op eng Rees – vu rouegen, emotionalen Ufäng bis hin zu staarke, motivéierende Songs iwwer Courage, Léift an Hoffnung. Vill Tracks si zesumme mam Produzent Nelson Canoa a Portugal entstanen, anerer mam Benjamin Rheinländer zu Amsterdam. Dëse Samschden ass dann och seng grouss Release Show an der Rockhal.

Am Takt - Interview mam Josh Island

© DEAD CAT BOUNCE

Zanter 2010 gëtt et dann och d’Band Dead CAT Bounce, sie maachen Elektro Musek an hunn no enger laanger Paus elo néi Musek erausbruecht. De Philippo Gorla huet eis gezielt, wisou si elo erëm ugefaangen hunn.

02/03/2026 Am Takt Dead Cat Bounce

Um Méinden war och d’Mariana Bernardes invitéiert, si huet zanter dem Moment, datt Lëtzebuerg erëm um Eurovision Song Contest mat mëscht, den Dram fir Sängerin ze ginn.

© Mariana Bernardes

Puer Lidder sinn dann elo och schonn a leschter Zäit erauskomm. “Done” - sou heescht déi aktuell Single an et geet ëm eng On-Off Bezéiung an de Fakt, datt een elo ofgeschloss huet an e neit Kapitel wëll lancéieren.

02/03/2026 Am Takt Mariana Bernardes

Hei kënnt der d’Lidder aus der Emissioun nach emol lauschteren:

Back to Top
CIM LOGO